Béiergaart

GEDRÉNKS


3 Deeg Extra Béiergaart Gedrénks


Pils

4,8 % alc



Klasseschen Pils, wei mer en all schonn éiweg kennen, kloer giel Faarf, mat engem ganz delikaten Geschmaach no Happ. Kloer, filtréiert.
 

Hoppy Lager

4,9 % alc



Ee richtegen handwierklech hiergestallte Pils, einfach gudd, ouni Gedeessems, besonnesch fir de groussen Duuscht, mat engem flotten Aroma vun Tschecheschem Happ a Malz. Zu Déifferdeng gebraut. Naturdréif, net filtréiert.
 

White IPA

5.9 % alc



Interessant Mëschung tëscht enger traditioneller belscher Blanche an engem amerikaneschen IPA (an der Fläsch nogegärt). Agreabel gehappt, awer net ze batter. Zu Déifferdeng gebraut. Naturdréif, net filtréiert.
 


Black IPA

7,4% alc



Schwaarz e wei d’Nuecht, an awer kee klassesch-schnuckelege, séisse Stout, dowéinst mat masseg Happ an duerch eng speziell Hief “dréchen gebraut". Spruddeleg an iwwerraschend erfrëschend. Zu Déifferdeng gebraut. Naturdréif, net filtréiert.



Kordaller

4.5 % alc



De beschte Béier fir des wonnerbar Regioun: Liichten, sëffege Béier, onheemlech erfrëschend, liicht gehappt, mat engem klengen Undeel Weess gëtt dëse Béier nach méi agreabel. En absolute Favorit, schonn e puermol bestätegt! Zu Déifferdeng gebraut. Naturdréif, net filtréiert.
 


 

 




 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 


Limo Bar !

Spackelter-Cranberrie
Icetea



Ouni Spruddelen, duerfir awer een erfrëschende Goût vu roude Friichten am Spackeltertéi. Mat bëssen Agavensirop geséisst oder ouni, ganz no ärem Wonsch! Dësen Icetea fält ee bëssen aus der Rum duerch déi ganz gesond rout Molbier.


Limo Bar !

Hielenner-Zitrounen-Ingwer
Limonad



Eng erfrëschend Alternativ zu enger hierkëmmlecher Limonad. Ouni Zockerzousaz ass d’Limonad sprëtzeg, an an der Hielennerzäit passend. Den Ingwer gëtt hier ee méi aussergewéinleche Goût.


Gin Bar !

Béiergaart
Gin



Béiergaart Gin gëtt et exklusiv während dem Béiergaart zu Käerjeng.
Et ass ee sëffege Gin mat 13 Botanicals. Nieft dem Wakelter, ass Wuerzel vum Meerrettich, verschidde Peffermënz-Zorten, Flieder, Hielennerbléien,… benotzt ginn.
Vill Spaass beim testen